ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den Zäithistoriker

Iwwer wat, an iwwer wie schreiwen Historiker vun engem Land? Oder iwwer wat a wie schreiwe se grad net? A wéisou? “éclairer les différents passés présents dans le présent” (Pieter Lagrou) ass de Leitmotiv vum Denis Scuto, Professer fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht op der UNI Lëtzebuerg senger Serie, wou et drëm geet, fir d’Welt, d’Gesellschaft an d’Politik vun haut aus der Siicht vum Historiker kritesch ze beliichten. Wéi geet eng Gesellschaft mat senger Vergaangenheet ëm? Wéi notze Politiker, Journalisten oder Schrëftsteller d’Geschicht, fir hir Iddië positiv wéi negativ duer ze stellen. Am Kader vun de Pläng fir e lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht analyséiert den Zäithistoriker Schlësselevenementer aus eiser Geschicht.

En Dënschdeg huet d'Regierung en Accord virgestallt deen d'Bezéiungen tëscht dem Staat an de Glawensgemeinschafte nei regelt. Deen Accord gesäit e. a. vir, dass d'Paschtéieschpaien net méi vum Staat bezuelt ginn, dass d'Reliounsgemeinschaften fräi iwwer hir Organisatioun verfügen an dass de Reliounsunterricht zugonschte vun engem neutrale Wäerteunterricht ofgeschaft gëtt. Dozou deen heitege Feuilleton vum Zäithistoriker Denis Scuto.

(Rediff. um 19:20)
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen