Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Bob Schroeder

De lëtzebuerger Fond National de la Recherche zeechent héich qualitativ Fuerschung mat sengen FNR-Awards aus. Uganks 2015 koum d’Nouvelle, datt de Chemiker Bob Schroeder den Award fir déi bescht Dokteraarbecht kritt huet, an zwar zum Thema ‚Solarzellen aus Plastik, amplaz vu Silizium‘. Mëttlerweil ass de Bob Schroeder fir säi Postdoc op der Standford University a Kalifornien ugeholl ginn, an d’Kerstin Thalau huet mat him iwwer Telefon iwwer nei Erausfuerderunge geschwat. (Rediff. um 19:10)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen