ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den Zäithistoriker

Iwwer wat, an iwwer wie schreiwen Historiker vun engem Land? Oder iwwer wat a wie schreiwe se grad net? A wéisou? “éclairer les différents passés présents dans le présent” (Pieter Lagrou) ass de Leitmotiv vum Denis Scuto, Professer fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht op der UNI Lëtzebuerg senger Serie, wou et drëm geet, fir d’Welt, d’Gesellschaft an d’Politik vun haut aus der Siicht vum Historiker kritesch ze beliichten. Wéi geet eng Gesellschaft mat senger Vergaangenheet ëm? Wéi notze Politiker, Journalisten oder Schrëftsteller d’Geschicht, fir hir Iddië positiv wéi negativ duer ze stellen. Am Kader vun de Pläng fir e lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht analyséiert den Zäithistoriker Schlësselevenementer aus eiser Geschicht.

A sengem Rapport iwwer d'Kollaboratioun vun de Lëtzebuerger Autoritéite mam Nazi-Okkupant am Kader vun der Juddeverfolgung geet de Vincent Artuso och op d'Roll vum Louis Simmer an, engem vun de 5 Membere vun der Verwaltungskommissioun. Wann een de Bericht liest a gesäit wéi dee Mann nom Krich net nëmmen zum Eireregierungsrot, mee nom Dout als Quasiresistenzler gewürdegt gouf, da kënnt een aus dem Staunen net méi eraus. Dozou déi heiteg Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto.

(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen