ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den Zäithistoriker

Iwwer wat, an iwwer wie schreiwen Historiker vun engem Land? Oder iwwer wat a wie schreiwe se grad net? A wéisou? “éclairer les différents passés présents dans le présent” (Pieter Lagrou) ass de Leitmotiv vum Denis Scuto, Professer fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht op der UNI Lëtzebuerg senger Serie, wou et drëm geet, fir d’Welt, d’Gesellschaft an d’Politik vun haut aus der Siicht vum Historiker kritesch ze beliichten. Wéi geet eng Gesellschaft mat hirer Vergaangenheet ëm? Wéi notze Politiker, Journalisten oder Schrëftsteller d’Geschicht, fir hir Iddië positiv wéi negativ duer ze stellen. Am Kader vun de Pläng fir e lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht analyséiert den Zäithistoriker Schlësselevenementer aus eiser Geschicht.

D'Natioun ass a Gefor, dofir lauschtert op d'CGFP,
huet den Denis Scuto seng Reflexioune vun haut iwwerschriwwen ...
Sechs Parteien hu sech dësen Dënschdeg verflicht, eng sachlech, fair a käschtegënschteg Informatiounscampagne fir de Referendum vum 7. Juni ze féieren, wou et jo e. a. ëm d'Walrecht fir Auslänner bei de Parlamentswale geet. Eng Gewerkschaft, d'CGFP, moolt awer schonns den Däiwel un d'Wand a gesäit déi national Communautéit a Gefor. Dat huet Traditioun, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto, an zwar eng bedenklech Traditioun.
(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen