ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Den Zäithistoriker

Iwwer wat, an iwwer wie schreiwen Historiker vun engem Land? Oder iwwer wat a wie schreiwe se grad net? A wéisou? “éclairer les différents passés présents dans le présent” (Pieter Lagrou) ass de Leitmotiv vum Denis Scuto, Professer fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht op der UNI Lëtzebuerg senger Serie, wou et drëm geet, fir d’Welt, d’Gesellschaft an d’Politik vun haut aus der Siicht vum Historiker kritesch ze beliichten. Wéi geet eng Gesellschaft mat hirer Vergaangenheet ëm? Wéi notze Politiker, Journalisten oder Schrëftsteller d’Geschicht, fir hir Iddië positiv wéi negativ duer ze stellen. Am Kader vun de Pläng fir e lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht analyséiert den Zäithistoriker Schlësselevenementer aus eiser Geschicht.

"A la croisée des chemins": Nationalitéit a Citoyennetéit

"Un nouvel horizon de la démocratie? Le droit de vote des étrangers aux élections nationales". Dat war de Sujet vum interessanten, interdisziplinären internationale Colloque, deen d'Chaire de recherche en études parlementaires an d'Research Unit in Law vun der Uni Lëtzebuerg, ënnert der Leedung vum Philippe Poirier a vum Luc Heuschling organiséiert haten. En historesche Bléck op déi Problematik huet den Zäithistoriker Denis Scuto um Colloque geworf a fiert haut domat weider, am Kader vun engem Débat deen eréischt ufänkt.
(Rediff. um 19:20)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen