Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?
Klassikthema

Klassikthema
Geschichten iwwert de Rossini
Am Joer 1822 soll sech de Gioachino Rossini zu Wien mam Ludwig van Beethoven ënnerhalen hunn. "Il barbiere di Siviglia ist eine excellente opera buffa!", soll de Beethoven gemengt hunn, mä hien hätt dem Rossini geroden, bei der komescher Oper ze bleiwen: "Sie wissen nicht mit Drama umzugehen!".
Legend oder Wierklechkeet? Eng ganz Rei esou Geschichten sinn iwwer de Rossini bekannt. Eng musikalesch Rees duerch d'Liewe vum Papp vun der italienescher Oper vum Georges Kohnen. (Rediff. vu sonndes, 10:05)
Rezent Emissiounen
-
De Père en fils
D'Saach mam Apel, um Beispill Leopold Wolfgang Amadeus a Franz Xaver Mozart.
-
Salonsmusek
Bekannten a beléifte Musek vu ville Komponiste gouf fir den Hausgebrauch oder fir Fester fir klengen Ensemble arrangéiert.
-
Klassikthema
D'Symbolik vum Kräiz an der Musek
-
Komponisten iwwer Komponisten
Nieft fairer Konkurrenz a Rivalitéit hu sech vill Komponisten dacks beleidegend iwwer hir Kollegen ausgedréckt.
-
Tango Classico
Den Astor Piazzolla huet net nëmmen aner Komponisten inspiréiert, mä seng Stécker goufen och vun Interpreten aus dem klassesche Beräich arrangéiert.
-
Den Hierscht
Eng Saison, déi vill Komponisten inspiréiert huet.
-
Toundichtung
Wa Musek Geschichten erzielt.
-
Komponisten iwwer Komponisten
Nieft fairer Konkurrenz a Rivalitéit hu sech vill Komponisten dacks beleidegend iwwer hir Kollegen ausgedréckt.
-
Länner
Eng musikalesch Weltrees
-
Ee musikalescht Donnerwieder
Zanter Jorhonnerten imitéiere Komponisten an hirer Musek d’Phänomener aus dem Alldag, dorënner och d’Wieder.
-
Waasser
Et plätscht, fléisst a glënnert. Dat awer net nëmmen an der Natur, mä och an der Musek.
-
Erënnerung un de Jean-Paul Jacobs
Den Auteur an 100,7-Mataarbechter ass de 19. Juli 2016 gestuerwen. Een Abléck a seng Leidenschaft fir vergiesse Komponisten an Interpreten.
-
Plagiat an der Klassik
Iwwer Joerhonnerten hu sech Komponiste géigesäiteg kopéiert, ouni datt dëst speziell schlecht opgeholl gouf.
-
Kampf a Krich an der Musek
Säit der Renaissance beschreiwen Artisten an hire Wierker Kämpf a Schluechten, a Komponiste sinn do keng Ausnam.
-
D'Waasser als musekalesch Quell
Ob et drëpst, plätschert oder stiermt - d'Komponisten hunn ëmmer Fieder an Noutepabeier prett.
Programm
-
Panorama
-
On air
Papperlapop - Skarbø Skulekorps
-
Notturno
-
Notturno
-
Samschdes-Magazin - Samschdesmagazin
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen