Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Hess lighTram Hybrid

Haut stinn net wéi esou dacks Fuerscher an hir Fuerschung am Mëttelpunkt vun eisem Café Scientifique, mä e fäerdegen -wann och nach jonke- Produit: den Hess lighTram Hybrid. Et handelt sech ëm en Duebelgelenkbus mat Hybridmoteur, vun deem der den Ament 3 op der Stater Linn 16, also op der Streck tëscht Houwald a Findel, zirkuléieren. Dofir gesuergt huet d’Busentreprise Emile Weber, an d’Kerstin Thalau wollt vum Romain Kribs vun Voyages Emile Weber gewuer ginn, firwat.  


 



 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen