Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Klassikthema

Op engem 14. Juni 1594 stierft ee vun de bedeitendste Komponisten vun der Renaissance, den Orlando di Lasso.
Schon als jonke Bouf kennt hien als “Chorknabe” mat der Musek a Kontakt, an et ass besonnesch déi sakral Vokalmusek, déi hien am meeschte geprägt huet.
Et huet kee Komponist senger Zäit méi Wierker erausginn, wéi hien. A senge Kompositiounen war et him ëmmer wichteg, datt d’Sprooch kloer a verständlech sollt sinn.
Hie war e grousse Meeschter an der Technik, vun laangen Dissonanzen an de rhythmesche Synkopen. Seng Musek gelt nach bis an d’Mëtt vum 18. Joerhonnert als klassescht Virbild fir de Kontrapunkt. Eng Emissioun vum Romain Kerschen.(Rediff. vu sonndes, 10:05)

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen