Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Klassikthema

Op engem 14. Juni 1594 stierft ee vun de bedeitendste Komponisten vun der Renaissance, den Orlando di Lasso.
Schon als jonke Bouf kennt hien als “Chorknabe” mat der Musek a Kontakt, an et ass besonnesch déi sakral Vokalmusek, déi hien am meeschte geprägt huet.
Et huet kee Komponist senger Zäit méi Wierker erausginn, wéi hien. A senge Kompositiounen war et him ëmmer wichteg, datt d’Sprooch kloer a verständlech sollt sinn.
Hie war e grousse Meeschter an der Technik, vun laangen Dissonanzen an de rhythmesche Synkopen. Seng Musek gelt nach bis an d’Mëtt vum 18. Joerhonnert als klassescht Virbild fir de Kontrapunkt. Eng Emissioun vum Romain Kerschen.(Rediff. vu sonndes, 10:05)

Rezent Emissiounen

  • Rhapsodie

    Nei Klangwelten, déi sech zënter dem 19. Joerhonnert opdinn.

  • "Die lustigen Bootsleute"

    Wéi gouf d'Schëfffahrt vertount?

  • Vill ze fréi vun eis gaangen (Deel 1)

    Net nëmmen de Mozart an de Schubert hunn trotz hirem kuerze Liewen en erstaunlech räif an ëmfangräicht Wierk hannerlooss.

  • Andersen-Märercher an der Musek

    Wéi Komponisten dem däneschen Dichter seng Texter an Nouten ëmgesat hunn.

  • Musek aus Frankräich

    Laang louch de Fokus op Komponisten aus Däitschland. Am 19. Joerhonnert waren et awer Fransousen, déi d'Musekswelt verännert hunn.

  • De Wand

    Ob stiermesch oder duuss, Komponisten hu sämtlech Aspekter vum Wiederphänomen vertount.

  • Russesch Musek: de Sergei Prokofjew

    Den 23. Abrëll 1891 kënnt ee vun de wichtegste russesche Komponisten op d'Welt an hannerléisst e risegt musikalescht Schafen.

  • Léift, Liebschaften an Affären an der klassescher Musek

    Liebschaften hu bei ville Komponiste quasi zum gudden Toun gehéiert.

  • D'Renaissance vun der Harf

    D'Harf, déi am 20. Joerhonnert vill am Orchester gebraucht gouf, erlieft eng Renaissance als Soloinstrument.

  • Helden

    Ob perséinlech oder mythologesch, an der Musek gouf all Zort vun Helde verschafft.

  • De Béla Bartók a seng Musek

    Et ginn net vill Komponisten, déi esou staark mat hirem Land verbonne waren, wéi de Béla Bartók, an dat spigelt sech och a senger Musek erëm.

  • Wagner an Offenbach: Antagonismus oder Affinitéit?

    Och wann een op den éischte Bléck mengt, Richard Wagner a Jacques Offenbach hätten net vill gemeinsam, verbënnt si méi, wéi een denkt.

  • Musekerkoppelen

    Datt Museker a Musikerinnen als Koppel zouenee fannen, ass keen neie Phänomen, mä éischter sielen hunn esou Koppelen am Musikalesche gutt zesummengeschafft.

  • Musek op Schinnen

    Wéi eng Komponiste goufe vum Zuch inspiréiert?

  • Fuesend an der Klassik

    Aus der Klassik passend zu Fuesweekend.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen