Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Klassikthema

Op engem 14. Juni 1594 stierft ee vun de bedeitendste Komponisten vun der Renaissance, den Orlando di Lasso.
Schon als jonke Bouf kennt hien als “Chorknabe” mat der Musek a Kontakt, an et ass besonnesch déi sakral Vokalmusek, déi hien am meeschte geprägt huet.
Et huet kee Komponist senger Zäit méi Wierker erausginn, wéi hien. A senge Kompositiounen war et him ëmmer wichteg, datt d’Sprooch kloer a verständlech sollt sinn.
Hie war e grousse Meeschter an der Technik, vun laangen Dissonanzen an de rhythmesche Synkopen. Seng Musek gelt nach bis an d’Mëtt vum 18. Joerhonnert als klassescht Virbild fir de Kontrapunkt. Eng Emissioun vum Romain Kerschen.(Rediff. vu sonndes, 10:05)

Rezent Emissiounen

  • De Père en fils

    D'Saach mam Apel, um Beispill Leopold Wolfgang Amadeus a Franz Xaver Mozart.

  • Salonsmusek

    Bekannten a beléifte Musek vu ville Komponiste gouf fir den Hausgebrauch oder fir Fester fir klengen Ensemble arrangéiert.

  • Klassikthema

    D'Symbolik vum Kräiz an der Musek

  • Komponisten iwwer Komponisten

    Nieft fairer Konkurrenz a Rivalitéit hu sech vill Komponisten dacks beleidegend iwwer hir Kollegen ausgedréckt.

  • Tango Classico

    Den Astor Piazzolla huet net nëmmen aner Komponisten inspiréiert, mä seng Stécker goufen och vun Interpreten aus dem klassesche Beräich arrangéiert. 

  • Den Hierscht

    Eng Saison, déi vill Komponisten inspiréiert huet.

  • Toundichtung

    Wa Musek Geschichten erzielt.

  • Komponisten iwwer Komponisten

    Nieft fairer Konkurrenz a Rivalitéit hu sech vill Komponisten dacks beleidegend iwwer hir Kollegen ausgedréckt.

  • Länner

    Eng musikalesch Weltrees

  • Ee musikalescht Donnerwieder

    Zanter Jorhonnerten imitéiere Komponisten an hirer Musek d’Phänomener aus dem Alldag,  dorënner och d’Wieder.

  • Waasser

    Et plätscht, fléisst a glënnert. Dat awer net nëmmen an der Natur, mä och an der Musek.

  • Erënnerung un de Jean-Paul Jacobs

    Den Auteur an 100,7-Mataarbechter ass de 19. Juli 2016 gestuerwen. Een Abléck a seng Leidenschaft fir vergiesse Komponisten an Interpreten.

  • Plagiat an der Klassik

    Iwwer Joerhonnerten hu sech Komponiste géigesäiteg kopéiert, ouni datt dëst speziell schlecht opgeholl gouf.

  • Kampf a Krich an der Musek

    Säit der Renaissance beschreiwen Artisten an hire Wierker Kämpf a Schluechten, a Komponiste sinn do keng Ausnam.

  • D'Waasser als musekalesch Quell

    Ob et drëpst, plätschert oder stiermt - d'Komponisten hunn ëmmer Fieder an Noutepabeier prett.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen