100,7 LIVE

radio 100,7

Live-Concerte vu groussen Orchesteren, Live-Emissioune vu Festivaller an Evenementer. De radio 100,7 ass fir Iech do wou eppes gebuede gëtt.

Live: de Staatsakt fir Nationalfeierdag

Live Iwwerdroung vum offizielle Festakt fir Nationalfeierdag.

Dëst Joer ass dësen offizielle Festakt an der Philharmonie um Kierchbierg. Dat a Präsenz vum Staatschef - dem Grand-Duc Henri an de Membere vun der groussherzoglecher Famille, der Regierung, den Deputéierten, Vertrieder vum Stater Schäfferot, dem Staatsrot, der Magistrature, an dem Corps diplomatique.

Fir déi Geleeënheet schwätzen de Premier Xavier Bettel, de Chamberspresident Mars Di Bartholomeo an de Grand-Duc Henri.

Zu Nationalfeierdag gehéieren Auszeechnungen: während der Zeremonie kréien eng Partie Bierger fir hir speziell Verdéngschter offiziell eng Médaille iwwerreecht. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen