SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Agatha Christie - Eng Aféierung

D'Dame Agatha Mary Clarissa Christie, DBE (1890-1976) ass weltwäit Synomym vum klassesche Krimi. Statistesch gesinn, hu mer et mat engem beandrockende Phänomen ze dinn. D'Guiness-Buch vun de Rekorder lëscht d’Schrëftstellerin aus der englescher Grafschaft Devon als de gréisste Bestseller-Roman-Schrëftsteller vun allen Zäiten: 2 Billioune Kopien huet si bis elo verkaf, a gëtt domat just vun der Bibel a vum Shakespeare senge Wierker iwwertrompt. An enger klenger Aleedung fillt de Marc Clement fir d'éischt dem Krimi als Genre op den Zant, a beschäftegt sech mat sengem Entstoen. Duerno geet hie kuerz op d'Biographie vun der britescher Madame hannert der Miss Marple an.
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen