Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

Verännerungen vun der Gesellschaft

Stëmmt et, dass fréier alles besser war? Et ginn vill innovativ Mesuren. Zum Beispill an der Schoul: Et gëtt Wäert op differenzéierten Unterrecht geluecht, a schaffen no Kompetenze soll d’Enseignéieren an d’Léieren optimal leeden. D’Méisproochegkeet an d’Lëtzebuerger Sprooch ginn analyséiert an diskutéiert bis zum Geet-net-méi. Et gi Projeten ausgeschafft (am Ablack hirer iwwer 80!) déi all Schüler gläich Chancë garantéieren.

Um Aarbechtsmaart: D’Regierungsvertrieder an hir Experte beméien sech op Prospektiounsreesen am Ausland, fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze kréien. D’ADEM gëtt personell opgestockt. Leit ouni Aarbecht kréie schoulesch eng «Deuxième Chance» an och verschidden «Formations continues pour adultes» ginn ugebueden. Bei de Bauinfrastrukture mëscht de Staat d’Kaarte mat a gebitt den iwwerspëtzte Präisser Paroli duerch eege Projeten.

Mee all Medaille, maach se nach esou vill blénken, huet e Revers. Mär kënnen net ignoréieren, datt d’Zuel vun de Schoulofgänger ouni Ofschloss an déi vun de Schüler, déi duerchfalen, nach ni esou héich waren, grad esou wéi och d’Zuel vun den Aarbechtslosen an zemools vu de jonke Chômeuren. E Prêt ze kréien, fir en Haus zu Lëtzebuerg ze kafen, ass fir jonk Leit quasi onméiglech ginn. Ëmmer méi Famillje rutschen ënnert d’Aarmutsgrenz, packen de Loyer net méi oder sinn total iwwerverschëld. Aus enger heterogener Gesellschaft gëtt also, ouni datt dës Gesellschaft et selwer mierkt, eng Zwouklassegesellschaft. Mee, wien definéiert dann eigentlech d’Aarmutsgrenz? A wien decidéiert, wéi eng Messagen duerch wéi eng Press wéi vermëttelt ginn?

De fräie Mikro Nadine Ewerling:

Rezent Emissiounen

  • Fraen un d'Muecht?

    Net all Gläichberechtegung ass gläich. Et gëtt en aktuell immens populäre Feminismus, deen eigentlech alles beim Ale léisst. 

  • D'Omnipresenz vum Handy am Stroosseraum

    De Gebrauch vum Handy ass e Massephenomen. D'Banalitéit an d'Banalisatioun dovu steet am krasse Géigesaz zur Gefor, déi dëst am Stroosseverkéier duerstellt.

  • Denkmalschutz und Wohnungsbau sind gemeinsam möglich

    In vielen Gemeinden werden denkmalgeschützte Häuser und Höfe zu modernem Wohnraum umgestaltet. Eine Spurensuche in Luxemburg.

     

  • D'Press ass ënner Drock

    Vill Froe stelle sech iwwer d'Zukunft vun eiser Medielandschaft, mee déi allerwéinegst bréngen et fäerdeg, ee kloert Bild vun deem uerg gerëselte Secteur ze molen.

  • Superbia

    Viru 40 Joer huet den amerikaneschen Historiker Christopher Lasch "The Culture of Narcissism" verëffentlech. An zum Deel passt dës Analys nach ëmmer ganz gutt an eis Zäit. 

  • D'Reykjavik Deklaratioun zur Klimakris

    Den 2. Juni 2019 gouf zu Reykjavik eng humanistesch Deklaratioun zur Klimakris ratifizéiert.

  • Remix industrial heritage now!

    Am Virfeld vun der Aktualitéitsstonn en Donneschdeg an der Chamber iwwert de Patrimoine industriel geet et ëm d'Gebléishal um Belval.

  • De Guichet Info-Migrant - eng onofhängeg Ulafstell bei Openthaltsfroen

    Schwieregkeeten, déi Flüchtlingen hunn, wa se sech hei wëllen nidderlossen, si just ganz rar en Thema.

  • Ouni Erënnerung keen Nodenken

    Déi modern chinesesch Gesellschaft weess näischt méi vun deem Massaker, dat virun 30 Joer jonke Protestler d'Liewe kascht huet. Ganz bewosst gëtt och nach haut all Erënnerung dorunner ënnerdréckt.

  • Déi nei Fuerschungsprioritéite vum FNR

    D'Recommandatiounen un d'Regierung, wat fir Theme sollte prioritär erfuerscht ginn, stellen d'akademesch Fräiheet a Fro, wann nach just een Institut soll ënnerstëtzt ginn.

  • Iwwer Antisemitismus a Rassismus

    Lëtzebuerg muss sech besser Moyene gi géint Antisemitismus a Rassismus.

  • Europawahlen

    D'Resultater vun den Europawahlen hannerloosse gemëschte Gefiller. E puer éischt Remarken zu iwwerraschende Campagnen a Wahlresultater.

  • Déi mam Mupp

    D'Piratepartei fiert eng rietspopulistesch Schinn, déi näischt méi mat hiren Ufanksidealer gemeinsam huet.

  • D'Dilemma vun der Entwécklungshëllef

    Lescht Woch ass wéi all Joer d'Regierungserklärung iwwer d'Entwécklungshëllef an der Chamber virgestallt ginn.

  • Zur Geschichte der luxemburgischen Dörfer

    Wer sind wir? Wo sind unsere Wurzeln? In Luxemburg erscheinen immer mehr Bücher über die Geschichte alter Häuser und ihrer Besitzer.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen