Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Jo Kox

Zënter 1996 ass de Jo Kox administrativen Direkter vum Casino d’art contemporain an der Ënneschtgaass. Am Mäerz 2016, wann de Casino säin 20. Anniversaire feiert, ass fir de Jo Kox Schluss. Éier den aktuelle President vum Fonds culturel der Ënneschtgaass Äddi seet, liwwert en um radio 100,7 seng musikalesch Visitekaart of. De Jo Kox proposéiert Musek vu Francesco Chicho & Raimundo Penaforte, Edvard Grieg, Pascal Schumacher, J.S. Bach, Bedrich Smetana, Claude Lenners, Keith Jarrett.
 

Rezent Emissiounen

  • De Geoffroy Guirao

    De fréiere Mataarbechter vum William Christie an "Les Arts florissants" ass Produktiounschef an der Philharmonie a vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • De Camille Kerger

    Den Direkter vum INECC, Institut Européen de Chant Choral - Lëtzebuerg verréit seng Musek-Virléift.

  • Jeff Herr

    Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir dës Stonn op d'Bee gesat huet.

  • Christoph König

    Zënter 2010 Chefdirigent vun den Solistes Européens, Luxembourg, SEL

  • Den Tom Bellion

    An den 80er war den heitegen Direkter vum Luxembourg City Tourist Office Gittarist bei der Grupp Chapter Two. A wat lauschtert hien haut?

  • D'Pianistin Sabine Weyer

    Mat der Publikatioun vun hirer éischter CD "Images", am Hierscht 2015, war d'Carrière vun der Musekerin definitif lancéiert.

  • Ralf Britten

    Den Direkter vum Trifolion verréit, wat doheem fir Musek leeft a firwat. 

  • Trixi Weis

    D’Kënschtlerin an een Tirang stieche mécht kee Sënn, well si ëmmer nees mat hiren originellen Aarbechten iwwerrascht.

  • Enrico Lunghi

    Den Direkter vum MUDAM ass net just un zäitgenëssescher Konscht interesséiert ...

  • Charel Muller

    Den Direkter vum Escher Theater verréit seng musekalesch Virléiften.

  • Lisa Berg

    Eng jonk talentéiert Musekerin, déi, ier se bei den Cello koum, Blockflütt op héijem Niveau geléiert huet.

  • Sascha Ley

    Déi däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin ass op ville Bühnen doheem: Theater, Film an a Concertssäll.

  • Stephan Gehmacher

    Den Direkter vun der Philharmonie presentéiert säi musikalesche Choix.

  • David Galassi

    Den David Galassi aka Fluit vun De Läb stellt seng Liiblingslidder vir. Nieft Hip Hop ass ënner anerem och Nick Cave an Budos Band dobäi.

  • Nico Helminger

    De Schrëftsteller mam Hutt ass e Fan vun der Wiener Oper, dee grad sou gär op Rock- an Jazz-Concerten geet.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen