SchrëftstellerIn vum Mount

All Mount steet eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a ville Facette vum Wierk.

Agatha Christie - Spoiler Alert!

Wéi kaum een anere Genre, follegt de Kriminalroman dacks engem feste Muster. Dëst gëlt ëmsou méi fir d'Wierker vun der Agatha Christie, déi als besonnesch produktiv Schrëftstellerin bekannt ass. Opgepasst, Spoiler-Alert, wann de Marc Clement d'Formel an d'Personnage-Stereotype vun den Agatha-Christie-Romaner unhand vu Klassiker, wéi "Murder on The Orient Express" oder "And Then There Were None" auserneepléckt. Duerno kann dann och eng aner detektivesch Fro geléist ginn: ass ee Krimi och nach flott ze liesen, wann ee vun Ufank u weess, wien de Mäerder ass? Un Iech, ze jugéieren. Donieft, e puer Iwwerleeunge vum Marc Clement a Saache sozial Klassegesellschaft, par Rapport zu engem Genre, deen dacks déi Räich a Schéin thematiséiert.

Rezent Emissiounen

  • Georges Hausemer

    "Mein Tumor, der unerwünschte Gast, ist mit dabei, macht aber natürlich keinen Urlaub, ..."

  • Richard Dawkins: Tëscht Wëssenschaft, Atheismus a Sozialem

    Pionéier vun der Genetik, Verfechter vum Atheismus a vu sozialer Responsabilitéit: dem Richard Dawkins säi Wierken ass bis haut onverkennbar.

  • Edouard Louis

    "De mon enfance je n'ai aucun souvenir heureux"

  • Didier Eribon

    "La honte du milieu d'où l'on vient ne nous quitte jamais"

  • Ljudmila Ulitzkaja

    "Je suis là, les gars ! Avec vous ! Allez, servez à boire ! Buvons et mangeons ! Comme toujours ! Comme d'habitude !"

  • Ian McGuire - The North Water

    Dem briteschen Auteur säi realistesche Thriller/Survival-Roman kéint emol zu de Klassiker vun der Abenteuer- a Mieresliteratur zielen.        

  • D'Mier an der Géigenwaartsliteratur

    Vum Grass bis Schätzing, och haut huet d'Mier seng Faszinatioun an der Literatur net verluer.

  • D'Mier a senge literaresche Formen

    Vum Chateaubriand bis Michel Le Bris - d'Bretagne a seng wëll Küst hu schonn ëmmer déi franséisch Schrëftsteller inspiréiert.

  • Een ale Mann, ee Speerfësch an d'Mier

    Ee Mann kann zerstéiert, mee net besiegt ginn. Dat schreift den Ernest Hemingway a senger bekannter Novella "The Old Man and the Sea".

  • Dem Melville säi Moby Dick

    Eegen Erfarungen, Ënnerstëtzung vun engem bekannten Auteur an 18 Méint Aarbecht, esou kann een d'Produktioun vum Buch "Moby Dick" resüméieren.

  • Homer

    "Sag mir Muse, die Taten des viel gewanderten Mannes,..."

  • Juli Zeh - Unterleuten

    Unterleuten - Een Duerf als Mikrokosmos vun der Gesellschaft

  • Juli Zeh

    Dat politescht Juli Zeh ass enk mam literaresche Juli Zeh verbonnen.

  • Slavoj Zizek

    "Passivitéit bedeit den Doud vum Bewosstsinn"

  • Norman Manea

    "Wir sind alle im Exil."

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen