ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Opruff un d'Geschichts- an Erënnerungspolitik

"Die Frage ist zu nehmen, ob das Luxemburger Volknoch ein paar Generationen ausharren muss bevor es endlich das Recht auf unverfälschte unfrisierte Geschichtsschreibung geltend machen kann". Recht op eng serieux Opaarbechtung vun der Lëtzebuerger Zäitgeschicht – dat huet schonn 1978 de Guy Rewenig am Lëtzebuerger Land gefuerdert. Deen Opruff vu Schrëftsteller, Filmleit a Journalisten un d'Geschichts- an Erënnerungspolitik ass am Moment haart an däitlech ze héieren. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen