Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Aqualung - Jethro Tull

Aqualung (Abrëll 1971) ass de véierten Album vun der britescher Band Jethro Tull rondrëm hire Mastermind Ian Anderson. Dee komponéiert an arrangéiert sämtlech Lidder a bréngt als Haaptinstrument d’Flütt mat an de Studio. Fir en ongewinnte Mix aus Rock a mëttelalterleche Folkelementer. Haapthit um Album: "Locomotive Breath". Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen