Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Luc Schiltz

Dës Kéier ass de Lëtzebuerger Schauspiller Luc Schiltz beim Mike Tock am Studio a bréngt seng perséinlech Playlist mat. Hien ass ouni Zweifel een vun den interessantsten Nowuessakteuren hei am Land.

Deslescht konnt een de Loutsch nach an der  Pol Cruchten/Fränk Hoffmann Schiller Kino-Adaptatioun vun Les Brigands- Die Räuber gesin. Dest niewt gestanenen an international renomméierten Schauspiller wéi dem kierzlech verstuerwenen däitschen Urgestein Maximilian Schell an dem franséische Kult Schauspiller Tchéky Karyo

Den Ament ass de Luc Schiltz awer zemols an aller Mond wéinst dem Christophe Wagner (Doudege Wënkel) sengem aktuelle Film: Eng nei Zait. Doranner spillt de Luc Schiltz d’Haaptroll a beweist, datt hie säi Métier duerchaus drop huet.

An der Sendung léiert Dir dëse Mëtt 30 jährege Lëtzebuerger mol op eng ganz aner Manéier kennen. De Luc ass net nëmmen Akteur, mee och een onheemlech grousse Musekfan.

Eng Emissioun vum Mike Tock

Rezent Emissiounen

  • Marc Meyers

    Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.

  • Erna Hennicot-Schoepges

    Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.

  • Théid Johanns

    De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.

  • Fränk Feitler

    Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.

  • Jo Kox

    Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen