Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.
ZäithistorikerIn

Historikersträit
Den Zäithistoriker Denis Scuto wonnert sech haut driwwer dass do, wou eigentlech zënter 30 Joer Konsens tëscht den Historiker hei am Land besteht, vun Historikersträit geschwat gëtt. Zum Beispill wat d'De facto Regierung Wehrer vun 1940 betrëfft.
Rezent Emissiounen
-
Grande-Duchesse Marie Adelheid, onverfälscht
Den Denis Scuto analyséiert déi éischter wëssenschaftlech-kritesch Biografie vun der Grande-Duchesse, déi d'Josiane Weber geschriwwen huet.
-
E schwaarzt Lach fir d'westlecht Gewëssen
D'Europäer hunn ëmmer méi Schwieregkeeten d'israeelesch Politik ze verstoen. D'israeelesch an d'europäesch Gesellschaften hunn nämlech ganz géigesätzlech Lektiounen aus der Geschicht gezunn.
-
D'Naturaliséierung vum Prënz Felix
Zu Lëtzebuerg gëtt dëst Joer um historesch-kulturelle Plang op vilfälteg Aart a Weis un dat eemolegt Joer 1919 erënnert.
-
Befreien a bändegen
D'Escher Bibliothéik gouf um Enn vum Éischte Weltkrich gegrënnt. Si krut d'Missioun aus den Aarbechter opgekläerte Bierger ze maachen awer och hir geféierlech Instinkter ze bändegen.
-
1940: "Freimachung des Landes Luxemburg von den Juden"
Virun 79 Joer, de 7. November 1940, verléisst en Expulsiouns-Transport mat 300 Judde Lëtzebuerg a Richtung Lissabon.
-
Geschicht vun engem Skandal: Wunnengspolitik zu Lëtzebuerg
Wann et ee Beräich gëtt, an deem d'Politik sech zu Lëtzebuerg hirer Responsabilitéit zanter iwwer 100 Joer entzitt, dann ass dat Wunnengspolitik.
-
En Ondank, deen d'Welt erstaune wäert
Dem Trump seng Entscheedung d'syresch Kurden am Stach ze loossen, ass en historesche Broch.
-
D'Europaparlament an de politeschen Ëmgang mat der Geschicht
An enger rezenter Resolutioun vum Europaparlament gëtt d'Geschicht fir politesch Zwecker benotzt an interpretéiert.
-
Déi qualvoll Gebuert vum moderne China
D'Volleksrepublik huet zu Peking 70 Joer gefeiert. Dee Gebuertsdag verstoppt en aneren, dee vum Ufank vun den Opiumkricher, d. h. vun der qualvoller Gebuert vum moderne China.
-
De Schrëftsteller, den Historiker an d'Migratiounen: "Leonardo" vum Jean Portante
Wann en Historiker en historesche Roman liest, kann en an d'Schwärme kommen fir d'Fräiheeten, déi de Schrëftsteller sech huele kann.
-
D'Frae gi wielen
28. September 1919: Fraen a Männer musse sech a sengem Referendum fir d'Zukunft vum Grand-Duché entscheeden.
-
Enttäuscht Hoffnungen vun der Liberatioun
Virun 10 Deeg war et 75 Joer hir, datt alliéiert Zaldoten zu Péiteng an d'Land koumen a véier Joer Nazi-Okkupatioun op en Enn gaange sinn.
-
30 Joer laang Noutstand
Vun 1915 bis 1946 goufen déi wichtegst Problemer zu Lëtzebuerg duerch Noutstandsgesetzer, ausserhalb vum parlamentaresche Kader, gereegelt.
-
Natioun a Migratioun zu Lëtzebuerg
D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Nationalstaat hänkt enk mat Migratiounen zesummen. An zwar an duebeler Hisiicht: als Realitéit an als Discours.
-
Illiberal Demokratie
Virun 82 Joer huet de Refus vum Maulkuerf-Gesetz d'Opkomme vun engem Lëtzebuerger Modell vun Demokratie erlaabt. Mee wat war dat fir e Modell?
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen