Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Chicago Transit Authority - Chicago

No éischte Succèsen ënnert dem Numm "The big thing", ass déi haut als Chicago bekannte Band 1968 op Los Angeles gaangen, fir en Album ënnert dem Bandnumm Chicago Transit Authority ze verëffentlechen. Den Debütalbum "Chicago Transit Authority" koum a Form vun enger Duebel-LP eraus.
Op Drock vun der Transportgesellschaft aus Chicago, déi genee dee selwechten Numm hat, entscheet d'Band sech, den Numm op Chicago ze kierzen. Am Lidd "Someday" vun dësem éischten Album, verschafft d’Band dës Uklo.
Mä weider sinn nach ganz aner Kulttitelen ze fannen, wéi "24 or 6 to 4", "Questions 67 and 68", "Beginnings" ... D'Rockband with Horns gouf zur Legend am Jazz-Rock.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Claire Thill a Frédérique Colling

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen