Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Lëtzebuerger Planzejeeër am MNHN (3. Deel)

Den Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, datt se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Reouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker-  a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventurierë vu Lëtzebuerg. Zum Beispill den Edouard Luja. Seng Biografie a seng Decouverten dierfen an der MNHN-Expo vun Dezember un natierlech net feelen.

Rezent Emissiounen

  • Oscaren 2019

    De Rassismusdrama "Green Book" vum Peter Farrelly huet hënnt den Oscar vum beschte Film gewonnen. "The Favourite" ass de grousse Verléierer.

  • Lyrikline - eng international poetesch Internetsäit

    Loscht op Lyrik? Op 12.067 Gedichter a 84 Sproochen? Net just fir ze liesen, mee virun allem och fir ze lauschteren.

  • Schmuewelen am Februar ze Miersch ...

    ... oder iwwer d'Oniwwersetzbarkeet vun der Schmuewel - eng "lecture croisé" mat der Ulrike Draesner an dem Jean Portante

  • 222. Doudesdag vum Lügenbaron von Münchhausen

    De Baron vu Münchhausen huet gäre Ligegeschichte verzielt. Datt anerer se a Buchformat publizéiert hunn, war awer guer net no sengem Goût.

  • Onspektakuläert Testament vun enger Filmlegend

    D'Gangster-Comédie "The Old Man and the Gun" (David Lowery) ass dem Robert Redford seng - viraussiichtlech - lescht Roll. Een Oftrëtt ouni Glamour.             

  • Internationalen Dag vun der Mammesprooch

    Wéi eng Bedeitung huet d'Mammesprooch? D'Sproochewëssenschaftlerin Dr. Melanie Wagner mat Explikatiounen.

  • Die Vielen

    E Kulturmouvement fir Meenungsfräiheet, Solidaritéit a géint rietsen Drock

  • Nei Filmer

    E Bléck op déi nei Kinoswoch, déi zwar nëmme véier nei Filmer bitt, dofir awer eng lescht Renconter mat enger Hollywood Ikon.

  • Happy B-Day Futurismus?

    Pro Dynamik, pro Krich, anti Fraen, anti de Passé: mat dësen Idealer gouf den 20. Februar 1909 de Konschtstil "Futurismus" lancéiert.

  • E Mouvement géint riets Tendenzen

    "Die Vielen" ass en neie Mouvement, dee sech fir eng oppe Gesellschaft asetzt. D'Kënschtler wiere sechoch géint riest-ideologesch Attacken.

  • Jutta Koether mat Tour de Madame am Mudam

    D'Retrospektiv vun der däitscher Molerin gouf zejoert vum Konschtmagazin Artforum als eng vun den zéng beschten Ausstellungen weltwäit ausgezeechent.

  • Frauenlager Flussbach

    Das ehemalige SS-Sonderlager/KZ Hinzert im Hunsrück in der Nähe von Trier ist seit vielen Jahren eine Gedenkstätte.

  • Literatur(en) made in Luxemburg

    De literareschen Highlight an der KUFA a Form vun engem Café littéraire huet Loscht op Luxemburgensia gemaach.

  • Filmkritik: High Flying Bird vum Steven Soderbergh

    De Steven Soderbergh huet e Basketball-Film gedréit, an deem häerzlech wéineg Basket gespillt gëtt.

  • Dörte Hansen - Mittagsstunde

    E beweegende Roman iwwer d'Ëmbréch am fiktiven Dierfche Brinkebüll.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen