Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Lëtzebuerger Planzejeeër am MNHN (5. Deel)

Den Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, dat se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Réouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker-  a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventuriere vu Lëtzebuerg. Zum Beispill de Jean Linden an den Nicolas Funck, déi sech 1835, mat net emol 20 Joer, a Richtung Brasilien op de Wee maachen, an an 3 gréisseren Expeditiounen duerch bal all Länner vu Mëttel- a Südamerika reesen. Hier Planzendécouverte bréngen se mat an Europa, studéieren se, brénge Publikatiounen doriwwer eraus. Spéider gëtt de Jean Linden ënnert anerem den Direkter vum zoologeschen a botanesche Gaart zu Bréissel an de Nicolas Funck den Direkter vum Kölner Zoo.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen