Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Déjà Vu - Crosby, Stills Nash & Young

Si waren zu dräi: den David Crosby, de Stephen Stills an de Graham Nash. No hirem erfollegräichen Debut-Album wollte si d'Bandbreed vun hirer Musek an hirem Repertoire erweideren an hunn de Kanadier Neil Young mat u Bord geholl. Vu Juli bis Dezember 1969 hunn déi Véier a Kalifornien um Album "Déjà Vu" geschafft, jidderee vum Quartett konnt a sollt Eegekompositioune bäisteieren. Esou ganz huet et mat der Harmonie wuel nach net gestëmmt, mee d'Resultat vun engen 800 Stonnen am Studio war iwwerzeegend: den Album huet et bis un d'Spëtzt vun de Bilboard Charts gepackt an d'Band weltbekannt gemaach. Den däitsche SPIEGEL beschreift d'Wierk haut als "Soundtrack der sogenannten Woodstock-Generation". Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen