Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Lisa Bassenge

Lisa Bassenge 'Canyon Songs'

De Laurel Canyon ass eng Wunngéigend vu Los Angeles, wou besonnesch an de sechzeger a siwwenzeger Joren d’Häerz vun der kalifornescher Musek geschloen huet. Vill Kënschtler haten sech hei niddergelooss a via de ‘Canyon of Rock’n’Roll’ sinn hier Lidder uechter d’Welt gereest. D’Lisa Bassenge covert op hirem neien Album Songs vun e.a. Joni Mitchell, Rickie Lee Jones, James, Taylor, Warren Zevon, Tom Waits an den Doors. Prominent Gäscht um entspaanten Album sinn de norwegesche Gittarist Thomas Dybdahl an den däitschen Trompettist Till Brönner.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen