Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Danielle Igniti

Si gëtt bezeechent als dynamesch, sympathesch an humorvoll: Eng Powerfra, déi net fäert ze soen, wat se denkt. Si war bis 2015, 20 Joer laang, Presidentin vum Planing Familial. Am Beräich Musek a Konscht bleift d'Danielle Igniti aktiv als Direktesch vum Kulturzenter OpDerSchmelz an déi Verantwortlech fir den Diddelenger Kulturprogramm. Jazz, Rock, World an och Klassik si Museksgenren, déi si besonnesch an d'Häerz geschloss huet. Si huet hir musikalesch Visittekaart mat bei de Manuel Ribeiro an de Studio bruecht.

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen