Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Epilepsie a Sport

Weltwäit sinn ca 50 Millioune Mënschen mat Epilepsie geplot, also ähnlech vill ewéi mat Diabetes. A Prozenter: tëscht 0,6 an 0,8% an alle Länner, queesch duerch d’Gesellschaft. Fir Lëtzebuerg bedeit dat 3´000 bis 4´400 Epilepsiekranker. Déi splécke sech an 2 Gruppen: et ginn déi, déi un aktiver Epilepsie leiden, also regelméisseg Ufäll hunn; an et ginn déi, déi eemol eng Attaque haten, an duerno ni méi. 

Circa 60 % vun de Patienten liewen duerch Medikamenter ufallfräi. Mee d'Medezin behandelt just Symptomer net d'Ursaachen, déi vielfälteg sinn. D'Ufäll trieden op, wann d'Gehier gestéiert, gestresst ass. Wéi wierkt sech also Sportmaachen op Epilepsiekranker aus?

Positiv, sou Neurowëssenschaftler wéi den Dr Stefan Beyenburg vum Centre Hospitalier. Wann ee Risikosportaarten wéi Motorsport, Paragliding, Tauchen, Waassersport am allgemengen évitéiert. Sport hemmt d’Excitatioun vun Nervenzellen. An doduerch kënnt et manner heefeg zu Attaquen. Wat do genee am Gehier geschitt, kann een haut allerdéngs nach net am Detail erkläeren.

 
Interessant ass och, dat Sport Ufäll vun Epileptiker reduzéiere kann, well en sech positiv op d’Wuelbefannen, op d’Selbstbewosstsinn, also op d’Psyche auswierkt.
 
A wien elo awer nach zéckt: den Dr Stefan Beyenburg betreit eng Rei vun Epilepsiepatienten, déi bei den Paraolympics immens erfollegräich sinn!

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen