Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Songs Of Leonard Cohen - Leonard Cohen

De Kanadier Leonard Cohen war schonn 33 Joer al, wéi hien décidéiert huet et och als Songwriter ze probéieren. Fir säin Debut-Album huet hien op eegen Texter zréckgegraff, déi hien a senger Schrëftstellerzäit geschriwwen oder publizéiert hat. Am Mëttelpunkt steet natierlech d'Lyrik, de Cohen begleet sech selwer op der Gittar. D'Band Kaleidoscope, déi mat am Studio ass, kënnt kaum grouss eraus. De Produzent John Simon wollt de Sound, deen esou opgeholl gouf, mat zousätzlechen Instrumenter an Technik opblosen, mee de Cohen huet ofgeblockt: "Ech sinn e Songwriter, ee wéi den Dylan!". Wat dann och de Fall war ... an et ass bis haut d'Erfollegsrezept vum Kanadier bliwwen! Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen