Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Ida Sand (by Jim Rakete)

Ida Sand 'Young At Heart'

D'Schwedin setzt dobäi op eng gutt Mëschung aus melancholeschen Lidder vum good ol' Neal, huet awer och nom rosenen, politesche Young gesicht. Esou guef den Album net nëmmen en Unenanersetze vu Songwriter-Pärelen wéi Helpless, Only Love Can Break Our Heart, Old Men an anere méi. Bei hire Reprise vum engagéierte Neil Young setzt d'Schwedin op eng méi kompakt a räich Instrumentéierung an dréit doduerch den Texter duerchaus Rechnung - wéi an Ohio, Sea Of Madness oder War Of Man. De Mix stëmmt!

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen