Agora

Eng Table Ronde iwwer Kultur a Kulturpolitik.

De Konschtmarché zu Lëtzebuerg

Fir d'Themativ vum Konschtmarché zu Lëtzebuerg aus der Perspektive vun den 3 Galeristen Alex Reding, Audrey Bossuyt a Michael Krome unzegoen, gouf jidfer Invité op d'Specificitéit vu senger Galerie ugeschwat. Beim nächsten Tour de Table goung et drëm, ze versichen de lëtzebuerger Konschtmarché ze definéieren: wat si seng Charakteristiquen, wat si seng Schwächten, wat si seng Atouten? E groussen Deel vun der Diskussioun huet sech ëm déi éischt Luxembourg Art Week gedréit: wat war dem Alex Reding seng Motivatioun, fir esou en Evenement ze organiséieren, wat erwaarden hien an déi aner Galeristen, déi jo och drun deel huelen, sech vun dëser Manifestatioun? Eng weider Fro déi op den Dësch koum war, wat fir eng Bedeitung de klassesche Vernissage nach huet. A schliisslech hu sech d'Audrey Bossuyt, den Alex Reding an de Michael Krome zur Fro geäussert, ob een als Galerist gezwongen ass sech dem Goût vum Public unzepassen, oder ob ee säin eegene Programm, no senge Virstellungen, duerchzéie soll oder kann. 

Rezent Emissiounen

  • Fraenbeweegung an MLF

    Feministesch Beweegung zu Lëtzebuerg. Zwou Zäitzeiinne maachen de Bilan.

  • School's Out

    D'Studenterevolt vun 68 huet sech ënner anerem géint ee verstëbsten an autoritäert Universitéits- a Schoulwiesen gestallt. Och am Lëtzebuerger Educatiounssystem huet et deemools rumouert.

  • "Wer sich nicht wehrt, lebt verkehrt"

    An der Suite vun der 68er-Revolt entstinn nei Beweegungen, déi sech fir eng gerecht Drëtt-Welt-Politik, Fridden tëscht Ost a West oder de Kampf géint d'Atomkraaft asetzen.

  • Table ronde iwwert den Dokumentarfilm "Foreign Affairs"

    De Jean Asselborn am Gespréich mam Regisseur Pasha Rafiy a mam Produzent Jean-Louis Schuller.

  • E Bild vun engem Land

    Zwee nei Documentairen iwwer d'Liewen a Politik zu Lëtzebuerg.

  • Table des Matières

    Inhalter vun der aktueller Konscht zu Lëtzebuerg. Dorëms goung et an enger Table Ronde am Kader vun der Luxembourg Art Week.

  • De Konschtmarché zu Lëtzebuerg

    Am Kader vun der éischter Luxembourg Art Week diskutéieren d'Galeristen Alex Reding, Audrey Bossuyt a Michael Krome mam Christian Mosar a mam Cléo Thoma.

  • Déi aktuell Situatioun vum Buch zu Lëtzebuerg

    Mam Doris Bintner vun der Federatioun vun den Editeuren, dem Direkter vum CNL Claude D. Conter, dem Dirk Sumkötter vun Ernster an dem Auteur an Verleger Ian de Toffoli

  • De Kulturmilieu ënnert der Occupatioun

    De Christian Mosar geet a Gespréicher mat Experten op d'Zäit vun der Occupatioun an hire kulturellen Impakt an.

  • Kulturjoer: Bilan a Perspektiven

    De Coordinateur général zitt virun där leschter Etapp vum Kulturjoer een Zwëschebilan. An och d'Kulturministeren aus der Groussregioun diskutéieren iwwer 2007.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen