Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Dire Straits, Award for best selling Compact Disc Group in Holland, 25-5-1985, Rotterdam, f.l.t.r: Jack Sonni, Alan Clark, Chris White, Terry Williams, Guy Fletcher, Mark Knopfler, & John Illsley, Foto Rob verhorst

Brothers in Arms - Dire Straits

Ee vun deenen éischten Albumen aus der Rockgeschicht, deen als CD an och komplett digital opgeholl gouf, ass de "Brothers in Arms" vun Dire Straits aus dem Joer 1985.
Et ass de 5. Studioalbum vun der Band, dee bis haut iwwer 30 Millioune mol verkaf gouf an zu den 30 meescht verkaaftenen Albumen aus der Museksgeschicht zielt. Néng Titele sinn drop ze fannen: nieft dem bekannten Opener "So far away" mat Countrytéin, den humorvollen an ironesche "Walk of life". Den Titel "Money for nothinghuet deemools och als Video-Clip eng nei Ära vu Museksmarketing op MTV agelaut.
Den engagéierten Titel "Brothers in Arms" ass nieft "The Man’s too strong" ganz emotional a schléisst mat engem luese Gittaresolo vum Mark Knopfler voller Hoffnungsspuren den Album of.
De Manuel Ribeiro verréit méi zum Album aus dem Joer 1985 an zu Dire Straits.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen