Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.
Musikalesch Visittekaart

Eugène Prim
D'Solistes Européens ginn dacks als "den aneren Orchester aus Lëtzebuerg" bezeechent. Allerdéngs gesäit den Orchester sech net als e Konkurrent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. De Repertoire vun dësem méi "klengen" Ensembel ass en aneren wéi dee vum OPL.
Den Eugène Prim ass vun der éischter Stonn un derbäi, an ass haut nach President vun de Solistes Européens. Hie stellt den Manuel Ribeiro seng musikalesch Visitekaart vir.
Rezent Emissiounen
-
De Geoffroy Guirao
De fréiere Mataarbechter vum William Christie an "Les Arts florissants" ass Produktiounschef an der Philharmonie a vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.
-
De Camille Kerger
Den Direkter vum INECC, Institut Européen de Chant Choral - Lëtzebuerg verréit seng Musek-Virléift.
-
Jeff Herr
Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir dës Stonn op d'Bee gesat huet.
-
Christoph König
Zënter 2010 Chefdirigent vun den Solistes Européens, Luxembourg, SEL
-
Den Tom Bellion
An den 80er war den heitegen Direkter vum Luxembourg City Tourist Office Gittarist bei der Grupp Chapter Two. A wat lauschtert hien haut?
-
D'Pianistin Sabine Weyer
Mat der Publikatioun vun hirer éischter CD "Images", am Hierscht 2015, war d'Carrière vun der Musekerin definitif lancéiert.
-
Ralf Britten
Den Direkter vum Trifolion verréit, wat doheem fir Musek leeft a firwat.
-
Trixi Weis
D’Kënschtlerin an een Tirang stieche mécht kee Sënn, well si ëmmer nees mat hiren originellen Aarbechten iwwerrascht.
-
Enrico Lunghi
Den Direkter vum MUDAM ass net just un zäitgenëssescher Konscht interesséiert ...
-
Charel Muller
Den Direkter vum Escher Theater verréit seng musekalesch Virléiften.
-
Lisa Berg
Eng jonk talentéiert Musekerin, déi, ier se bei den Cello koum, Blockflütt op héijem Niveau geléiert huet.
-
Sascha Ley
Déi däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin ass op ville Bühnen doheem: Theater, Film an a Concertssäll.
-
Stephan Gehmacher
Den Direkter vun der Philharmonie presentéiert säi musikalesche Choix.
-
David Galassi
Den David Galassi aka Fluit vun De Läb stellt seng Liiblingslidder vir. Nieft Hip Hop ass ënner anerem och Nick Cave an Budos Band dobäi.
-
Nico Helminger
De Schrëftsteller mam Hutt ass e Fan vun der Wiener Oper, dee grad sou gär op Rock- an Jazz-Concerten geet.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen