Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Eugène Prim

D'Solistes Européens ginn dacks als "den aneren Orchester aus Lëtzebuerg" bezeechent. Allerdéngs gesäit den Orchester sech net als e Konkurrent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. De Repertoire vun dësem méi "klengen" Ensembel ass en aneren wéi dee vum OPL.

Den Eugène Prim ass vun der éischter Stonn un derbäi, an ass haut nach President vun de Solistes Européens. Hie stellt den Manuel Ribeiro seng musikalesch Visitekaart vir.

Rezent Emissiounen

  • Marc Meyers

    Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.

  • Erna Hennicot-Schoepges

    Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.

  • Théid Johanns

    De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.

  • Fränk Feitler

    Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.

  • Jo Kox

    Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen