Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Physikerin Susanne Siebentritt an d'CIS-Solarzellen

2007 ass d’Physikprofessorin an -Doktorin Susanne Siebentritt vu Berlin op Lëtzebuerg geplënnert. Zanterhier huet si am LIST, dem Luxembourg Institue of Science and Technology e Labo mat 16 Mataarbechter opgebaut. Hiert Spezialgebitt: Dënnfilm-Solarzellen. Fir hir Fuerschung ass d'Susanne Siebentritt 2014 mat engem FNR-Award an Enn 2015 mam Grand-Prix en Sciences physiques vum Institut Grand Ducal ausgezeechent ginn. Fir hir Fuerschung, hir Mass u Publikatiounen, hir Versich, Solarzelle-Physik adequat ze vermëttelen.
 
17 Joer beschäftegt sech d'Susanne Siebentritt scho mat Solarzellen, an der Lescht mat enger ganz bestëmmter Zort: CIS-Solarzellen. Déi si villfach méi kleng a reng, wéi déi gewinnte Silicium-Modeller. Dat bedeit, datt fir hir Produktioun manner Material gebraucht gëtt, wat d’Käschten dréckt, en plus sinn - opgrond vun den Dimensiounen- d’Weeër fir de Stroumtransport méi kleng, si brauchen also manner Energie. "Solarzellen, Kristallstrukturen, Defekte und Ihre Stromrechnung" war den Titel vun enger vun den éischte Konferenzen, déi d’Susanne Siebentritt um Campus Limpertsberg gehalen huet. Mat den Defekter bannent de Kristallstrukture ploen si an hiert Team sech nach haut.
Dem Kerstin Thalau huet d'Susanne Siebentritt erkläert, firwat drubleiwe sech lount a wéi d'Aarbecht am LIST konkret ausgesäit.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Diane Jodes um FFYS

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen