Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

QUEEN

A Night at the Opera - Queen

1975 kënnt de bekannte 4. Studioalbum "A Night at the Opera" eraus. Den Numm vum Album kënnt aus dem Film vun de Marx Brothers "A Night at the Opera", deen d’Band sech ugekuckt hat während dem Ophuele vun den Titelen. Haut gehéiert dësen Album zu de beléifste vun der Rock Band. Progressive Rock, Balladen a Music Hall Stiler, wéi och Hard Rock Nummere sinn drop ze fannen. D’"Bohemian Rhapsody" beispillsweis ass opgebaut, wéi e klassescht Stéck, als kleng Suite mat enger Intro, Ballade, lyresche Passagen, enger Hard Rock Sequenz an engem Coda.
Aner bekannt Titele wieren: "Love of my life", "God save the Queen" oder "You’re my best Friend". D’Fachzäitschrëft Rolling Stone klasséiert den Album "A Night at the Opera" 2003 an d’Lëscht vun de 500 beschten Albume vun allen Zäiten.
De Manuel Ribeiro verschaaft en Abléck an dësen Album vu Queen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen