Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

QUEEN

A Night at the Opera - Queen

1975 kënnt de bekannte 4. Studioalbum "A Night at the Opera" eraus. Den Numm vum Album kënnt aus dem Film vun de Marx Brothers "A Night at the Opera", deen d’Band sech ugekuckt hat während dem Ophuele vun den Titelen. Haut gehéiert dësen Album zu de beléifste vun der Rock Band. Progressive Rock, Balladen a Music Hall Stiler, wéi och Hard Rock Nummere sinn drop ze fannen. D’"Bohemian Rhapsody" beispillsweis ass opgebaut, wéi e klassescht Stéck, als kleng Suite mat enger Intro, Ballade, lyresche Passagen, enger Hard Rock Sequenz an engem Coda.
Aner bekannt Titele wieren: "Love of my life", "God save the Queen" oder "You’re my best Friend". D’Fachzäitschrëft Rolling Stone klasséiert den Album "A Night at the Opera" 2003 an d’Lëscht vun de 500 beschten Albume vun allen Zäiten.
De Manuel Ribeiro verschaaft en Abléck an dësen Album vu Queen.

Rezent Emissiounen

  • The Beatles - Abbey Road

    Eng zerstridde Band geet ënner der Regie vum George Martin an de Studio - eng leschte Kéier. Den Album kënnt am September 1969 eraus.

  • Blondie - Parallel Lines

    Pop trëfft op New Wave an Disco: eleng de Song "Heart Of Glass" mécht Blondie 1978 quasi iwwert Nuecht zu Superstaren.

  • Lee Clayton - Naked Child

    En éiwege Geheimtipp aus dem Tennessee fir Frënn vum Songwriting aus dem Joer 1979

  • Kraftwerk - Computerwelt

    1981 beschäftegt d'Band vun Düsseldorf sech scho mat Sujete wéi Big Data, Iwwerwaachung an online-Dating.

  • Weather Report - Heavy Weather

    De kommerziell erfollegräichsten Album vun der Pionéierband em den Joe Zawinul hällt androcksvoll Kompositiounen a visionär Klangbiller bereet.

  • Paul Simon - Graceland

    Den Album "Graceland" -  dat si bis haut Apartheid-Kontroversen ëm de Paul Simon-Klassiker aus dem Joer 1986.

  • The Doors

    Den Numm vum Debut-Album ass den Numm vun der Band: "The Doors" kënnt am Januar 1967 bei Elektra eraus.

  • Dire Straits: Love Over Gold (1982)

    Dee 4. Studioalbum vun der Band

  • Allman Brothers Band

    Den Debutalbum vun der ABB, deen 1969 d'Zäit vum Southern rock agelaut huet.

  • Bob Dylan - Blonde On Blonde

    Den elektresche 66er Poet a Geschichtenerzieler Bob Dylan mam éischten Duebelalbum an der Rock- a Popgeschicht vun engem Major artist.

  • Ella and Louis

    Wann een d'Nimm Ella Fitzgerald oder Louis Armstrong eenzel héiert, kann ee sech schonn op gutt Musek freeën. An dësem Fall sinn déi zwee zesummen ze héieren.
     

  • Tropicália, ou panis et circensis

    De brasilianesche Kultalbum - de Manifest vum Tropicália Mouvement Enn de 60er

  • The Jayhawks - Hollywood Town Hall

    Den Duo Mark Olson/Gary Louris dréit 1992 mat dësem Album zum Succès vum Genre alternative Country bäi.

  • Goathead Soup - The Rolling Stones

    Den 73er Stones-Album vun Jagger a Co. huet méi ze bidden, wéi de Mega-Hit "Angie" ... an hannert de Kulissen huet et geflaamt.

  • The Atomic Mr. Basie

    Eng Bigband an Topform: déi vum Count Basie am Joer 1958, veréiwegt um Kultalbum "The Atomic Mr. Basie".

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen