Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

©Christof Weber/FNR

FNR-Award fir d'Mathematiker Ivan Nourdin an Giovanni Peccati

Den FNR-Award fir déi bescht Publikatioun war un déi 2 Mathematiker Ivan Nourdin an Giovanni Peccati gaangen. Den Titel vun hirem Text: "Normal Approximations with Malliavin Calculus: From Stein’s Method to Universality". Hire Mérite ass, dat si d'Erkenntnisser vun 2 weltbekannte Statistiker produktiv matenee verbonnen hunn: engersäits déi vum Amerikaner Charles Stein, Joergank 1920, emeritéierte Stanford-Professor, dee sech mat sengem "Theoreme central limite" en Numm gemaach huet, sengen approximative Modeller bei enger grousser Zuel vu Parameteren; an anerersäits, déi vum Fransous Paul Malliavin, gebuer 1925, gestuerwen 2010, deen et fäerdeg bruecht huet, e wichtege Problem vun der harmonescher Analyse ze léisen an dee rezent ëmmer méi heefeg an der Finanzmathematik applizéiert gëtt. Den 2 Fuerscher hir These gëtt elo scho ganz konkret an der applizéierter Fuerschung, wéi z.B. der Kosmologie, getest. 

D'Kerstin Thalau versicht, zesummen mat den FNR-Laureaten Ivan Nourdin an Giovanni Peccati, mathematesch Probabilitéit approximativ verständlech ze maachen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen