Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Blues am Uptempo!

Passe 17 Bluestracks an eng Stonn Emissioun? Kee Problem - mengt jiddefalls de Fred Medernach! D'Titelen si knackeg-kuerz, voller Tempo a gehalen am Rhythmus, wou een iergendwéi mat muss - ob Jump, Rock, Shuffle, Swing oder Rhythm 'n' Blues! Op der Playlëscht fir nozelauschteren a matzewakkelen stinn e.a. B.B. & the Blues Shacks, Big George Jackson, Phil & Dave Allen, John Lee Hooker, Byther Smith, Roomful Of Blues, Have Mercy, James Harman an anerer méi.

Rezent Emissiounen

  • Layla Zoe

    Live in Concert

  • Black & White Blues goes Canada (2/2)

    Den zweeten Deel vun eiser Duebelemissioun iwwert déi kanadesch Blueszeen (1. Deel: 6.6.2017)

  • Jeff Healey - Live in Montreux 1999

    Dee blanne Bluesmuseker aus dem Kanada huet 1999 e fantastesche Concert um Blues & Jazz Festival an der Schwäiz gespillt.

  • B&W Blues goes Canada (1/2)

    Déi éischt 60 Minutten vun enger Duebel-Emissioun iwwert déi kanadesch Blueszeen.

  • The Mark-Almond Band ... Live & Last

    Zwee Museker aus dem John Mayall sengen Bluesbreakers hu sech 1972 zesummen gedoen, fir eng eege Folk-Rock-Jazz-Band op d'Been ze stellen.

  • Gary Clark jr & Otis Taylor

    Déi zwee Amerikaner si mat ënnerschiddlechen neien Albumen do - de Clark méi elektresch, den Taylor méi dezent. Intensiv si se allebéid.

  • The New York Rock & Soul Revue

    Live Soul at its best

  • Dany Bryant live

    Deen englesche Bluesrock-Gittarist huet fir säin neien duebble Livealbum "Big Live in Europe" aacht Museker/innen ronderëm sech versammelt.

  • Lost In Paris Blues Band

    Blues aus Frankräich mam Paul Personne ...

  • Meena Cryle live

    Austria Blues mat der Sängerin Meeny Cryle vum neie Live "In Concert" an e Virgeschmaach op den neien Album vun Heavy Petrol

  • Delaney & Bonnie Bramlett

    Eng Museker-Koppel aus de 60er a 70er Joren, déi sech haaptsächlech un de groussen Erfolleg vum Eric Clapton aus där Zäit drugehaangen huet.

  • Stompin' Heat live @radio 100,7!

    Däi däitsch Bluesformatioun am Interview a mat véier Titelen, déi am Studio 7 vum Radio opgeholl goufen.

  • John Mayall & Ana Popovic

    Talk About That & Triple-CD

  • Akustesches an Elektresches

    En akustesche Set mam Eric Bibb, en Dräier aus der Lëtzebuerger Zeen an d'Blues Pills an de Junior Mack als Concertstippen.

  • Eric Clapton in San Diego (& J.J. Cale)

    Den Eric Clapton huet alt erëm eng Kéier zougeschloe mat enger Live-CD zesumme mam J. J. Cale ... Allerdéngs sinn dës Opname schonn aus dem Joer 2007.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen