Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Blues am Uptempo!

Passe 17 Bluestracks an eng Stonn Emissioun? Kee Problem - mengt jiddefalls de Fred Medernach! D'Titelen si knackeg-kuerz, voller Tempo a gehalen am Rhythmus, wou een iergendwéi mat muss - ob Jump, Rock, Shuffle, Swing oder Rhythm 'n' Blues! Op der Playlëscht fir nozelauschteren a matzewakkelen stinn e.a. B.B. & the Blues Shacks, Big George Jackson, Phil & Dave Allen, John Lee Hooker, Byther Smith, Roomful Of Blues, Have Mercy, James Harman an anerer méi.

Rezent Emissiounen

  • Blues op der Harmonika

    ... nëmme vu Musekerinne gespillt

  • New releases in Blues

    Mat den neie Wierker vun ë.a. Lurrie Bell, de Fabulous Thunderbirds a Ronnie Earl

  • Blues op der Harmonika

    Nëmme vu Musekerinne gespillt.

  • Duke Robillard

    Den neien Album "Blues Full Circle" an en Iwwerbléck op d'Karriere vum Co-Grënner vu Roomful of Blues.

  • James Brown ... Messing with the Blues

    Déi verstoppten Talenter vun engem vun de gréisste Soul-Sänger vun der Welt.

  • Chicago Blues live@INNTöne-Festival

    Grouss Nimm vum Genre wéi Lurie Bell, Billy Boy Arnold, John Primer a Billy Branch, live agefaang an Eisterräich

  • Georgie Fame live!

    "A Declaration of Love" - Georgie Fame, Uschi Brüning & Alan Skidmore Quartet

  • Walter’s back in town!

    Fir seng Rentrée no laanger Krankheet iwwerzeegt de Walter Trout mat engem dynamesche Live-Album.

  • Play the harp!

    Blues um Mondstéck: d'Harmonika gehéiert zu de Standard-Instrumenter vum Genre!      

  • A young cat & a big voice

    Mat den Amerikaner Carvin Jones a Sugaray Rayford kommen zwou Blues-Generatiounen op Lëtzebuerg.

  • Blues Band

    Déi britesch Rock- a Bluesband ass eng lieweg Legend: 1979 vum Paul Jones, Tom McGuinness, Hughie Flint, Dave Kelly a Gary Fletcher gegrënnt.        

  • Big Daddy Wilson

    Deen amerikanesche Bluessänger gëtt e Concert op enger ongewinnter Bühn - déi vun engem Schëff, dat beim "Blues op der Musel".

  • Grenzgänger

    Et muss net ëmmer Blues pur sinn - mir setzen den Owend e Fouss bis iwwert d'Grenz mat Americana a Roots ... mee Blues ass ëmmer derbäi!

  • Carla Olson / Mick Taylor live

    D'Amerikanerin Carla Olson an den ex-Rolling Stones-Gittarist Mick Taylor spillen op "Too Hot For Snakes" eegen an al Stones-Klassiker.

  • Luther Allison live

    De Luther Allison (1939-1997) zielt zu de prominenteste Vertrieder vum Chicago Blues. Genéisst hien eng Stonn laang "live on stage".

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen