Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Blues am Uptempo!

Passe 17 Bluestracks an eng Stonn Emissioun? Kee Problem - mengt jiddefalls de Fred Medernach! D'Titelen si knackeg-kuerz, voller Tempo a gehalen am Rhythmus, wou een iergendwéi mat muss - ob Jump, Rock, Shuffle, Swing oder Rhythm 'n' Blues! Op der Playlëscht fir nozelauschteren a matzewakkelen stinn e.a. B.B. & the Blues Shacks, Big George Jackson, Phil & Dave Allen, John Lee Hooker, Byther Smith, Roomful Of Blues, Have Mercy, James Harman an anerer méi.

Rezent Emissiounen

  • Robin Trower live

    De fréiere Gittarist vu Procol Harum huet 1971 eng Solo-Carrière ugefaangen, déi bis haut mat Rock a Blues gefëllt ass.

  • Gary Moore live

    De Gary Moore (4.4.1952-6.2.2011) huet mat sengem Klassiker "Still Got The Blues For You" e regelrechte Blues-Boom ausgeléisst.

  • Eddy 'The Chief' Clearwater

    E Bluesmann mat Cherokee-Blutt dat duerch seng Odere fléisst: den Eddie Clearwater dréit zu Recht de Beinumm 'The Chief', den Häuptling!

  • Blues- & Jazzrallye 2016

    E Viirgeschmaach op de Rallye vun dësem Samschdeg, mat vill Blues an der enger oder anerer Schëpp Jazz!

  • Bill Wyman - Jump Jive & Wail

    De Bill Wyman vun de Rolling Stones hei zesumme mat sengem “Bootleg Kings” live an am Studio.

  • Blues Express Déifferdeng

    Zanter 2004 gehéiert de Blues Express - zesumme mam Blues & Jazz Rallye an der Stad - zu  de Publikumsmagnéiten am Genre.

  • The Robert Cray Band - 4 Nights of 40 Years Live

    De Blues-Rock Museker Robert Cray feiert säi 40-järege Bühne-Jubiläum.

  • Big names & no names

    Jidderee kennt den Joe (Bonamassa) - manner den Henry (Carpaneto) an de Fabian (Fritz). Dobäi spillen si allen dräi de Blues mat Passioun!

  • Canned Heat - Songs from the road

    50 Years Anniversary Tour.

  • Blow your harp!

    De jonke Will Wilde (Joergank 1992) an de Veteran John Mayall (1933) sti fir aussergewéinleche britesche Blues op der Mondharmonika.

  • Den Topgittarist Rubben Ford

    Den Amerikaner vereent Blues, Rock an Jazz. Hien ass den 9. Juli Headliner um Déifferdenger Bluesexpress.

  • Philipp Fankhauser

    De Museker ass eng Institutioun an der Schwäiz ... e "begnadete" Sänger a Gitarrespiller, bei eis zimlech onbekannt. 

  • Bonamassa / Supersonic Blues Machine

    'Blues Of Desperation' als Avant-Goût op den JB-Concert (12.07. Neimënster), 'West of Flushing, South of Frisco' als 'Who Is Who' am Blues!

  • Howlin' Wilf

    Perfekten R&B a Blues bis zum Rockabilly.

  • Robben Ford

    Den amerikaneschen Topgittarist vereent Blues, Rock an Jazz. Hien ass den 9. Juli Headliner um Déifferdenger Bluesexpress.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen