Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen, Vintage-Opnamen, ausféierleche Live, Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.
Black & White Blues

Blues am Uptempo!
Passe 17 Bluestracks an eng Stonn Emissioun? Kee Problem - mengt jiddefalls de Fred Medernach! D'Titelen si knackeg-kuerz, voller Tempo a gehalen am Rhythmus, wou een iergendwéi mat muss - ob Jump, Rock, Shuffle, Swing oder Rhythm 'n' Blues! Op der Playlëscht fir nozelauschteren a matzewakkelen stinn e.a. B.B. & the Blues Shacks, Big George Jackson, Phil & Dave Allen, John Lee Hooker, Byther Smith, Roomful Of Blues, Have Mercy, James Harman an anerer méi.
Rezent Emissiounen
-
Blue Blot
Eng belsch Blues- a Funkband ronderëm de Sänger Luke Walter Junior.
-
Joey Gilmore
Ier et un d'Häerzstéck vun der Saison geet - de Blues & Jazz-Rallye - steet mam Joey Gilmore nach emol en exzellente Clubgig op der Affiche.
-
Deborah Coleman an Albert Cummings
Dem Blues ass d’Deborah Coleman verfall, wéi si e Concert vum Muddy Waters an John Lee Hooker gesinn hat.
-
Taste - live at the Isle of Wight
Bluesrock vum Trio Rory Gallagher/Richard McCracken/John Wilson, opgeholl am August 1970 op der britescher Kanalinsel.
-
Derek & the Dominos live
Wie sicht, dee fënnt: wat 1970 net op den Album "In Concert" gepasst huet, ass nogeliwwert ginn ...: den Eric Clapton an Topform!
-
Lister/Lyytinen/Parker
Zwee Museker an eng Musekerin stinn um Programm. Den Aynsley Lister, d’Erja Lyytinen an de Ian Parker.
-
Tëscht Blues an Jazz: Larry Carlton
Den Amerikaner ass an den 2 Genren doheem an e Meeschter op de Gittaren. Dovunner kann ee séch och um dëssjährege 'Printemps Musical' iwwerzeegen.
-
Burdon/Witherspoon
En Album, deen d'selwecht heescht wéi dës Emissioun? Jo, dee gëtt et - et ass eng gemeinsam Produktioun vun Eric Burdon an Jimmy Witherspoon.
-
Super Chican, Bonita ... a Stecker eraus!
E Bléck op de Concertskalenner mat den Optrëtter vum James 'Super Chican' Johnson a vu Bonita & the Bluesshacks am 'Unplugged'-Projet vum Bluesclub Lëtzebuerg.
-
Ana Popovic
Viru kuerzem huet d'serbesch Bluesgittaristin an Däitschland an engem klenge Kaff an nach méi klenge Club mat maximal 250 Leit gespillt.
-
Déifferdeng huet de Blues!
Devon Allman, Tadd Robinson, Ben Poole: Déifferdeng presentéiert an den nächste Woche gläich dräi spannend Affichen!
-
Access All Areas
Eng Symbios tëscht Rock- a Bluesgesank an exzentreschem Uergelspill.
-
Paint it blue!
Eng Stonn d'Rolling Stones an de Blues - Klassiker déi vun hinne gecovered ginn, Blueskënschtler, déi hier Kompositioune interpretéieren an déi eng oder aner Jam!
-
Luther Allison: Live in Chicago a Live in Berlin
Bekannten amerikaneschen Blues-Gittarist dén iwwer 30 LPen an CDen opgeholl huet.
-
Blue Sisters
Layla Zoe, Tasha Taylor, Ina Forsman: mat dësem Power-Trio leet déi 12. Blues Caravan vu Ruf Records de 5. Februar en Arrêt am 'Sang a Klang' an.
Programm
-
New Cotton Club - Duke Ellingtons Sound of Love
-
On air
Ënnerwee duerch de Weekend
-
Noriichten
-
B-Radio - Derive
-
Grousse Kino
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen