MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

Ivan Fischer

Den Dirigent Ivan Fischer huet viru 15 Joer de Budapest Festival Orchestra, deen hien 1983 mam Zoltan Kocsis gegrënnt hat, an eng fest Struktur bruecht, déi d'Formatioun finanziell an organisatoresch ofgeséchert huet. Haut gëlt dësen Orchester als ee vun deene beschten op der Welt, an den Ivan Fischer kritt mat him regelméisseg Präisser, sou wéi de leschte Summer zu Toblach de Mahler-Präis fir säin Enregistrement vun der 9. Symphonie. De Remy Franck huet mam Dirigent iwwert säin Orchester, säi Repertoire an déi ungaresch Musek geschwat. 

Rezent Emissiounen

  • David Reiland

    Dee fréieren Dirigent vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ass zanter der Rentrée 2018 neie Chefdirigent vum Orchestre national de Metz.

  • De Robert Neumann

    Dee jonken däitsche Pianist, 17 Joer al, war 2017 de Gewënner vum Discovery Award vun den International Classical Music Awards.

  • Tatsiana Zelianko, Pianistin a Komponistin

    D'Musikerin aus Wäissrussland lieft zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg.

  • Den Dirigent Sébastien Rouland

    Den neie Generalmuseksdirekter vum Staatstheater Saarbrécken.

  • De Stefan Temmingh

    De Blockflüttist ass Laureat an der Kategorie Barock instrumental vun den International Classical Music Awards 2018.

  • Den Drazen Domjanic

    Pianist, Intendant, Entrepreneur

  • De Jacques Mercier

    Seng lescht Saison beim Orchestre National de Lorraine, ier hien a Pensioun geet.

  • Den Andy Loor

    De jonke Museker dirigéiert en etlech Chéier an ass Mataarbechter am Institut européen de chant choral. 

  • D'Sängerin a Schauspillerin Shlomit Butbul

    D'Grënnerin vum fréieren Jazzclub Inoui zu Réiden ass zu Lëtzebuerg fir zwee Optrëtter.

  • Den Alexander Liebreich

    Deen däitschen Dirigent huet bei den International Classical Music Awards mam Tigran Mansurian sengem Requiem de Präis an der Kategorie fir Zäitgenëssesch Musek gewonnen.

  • De Benedict Kloeckner

    E Gespréich mam däitschen Cellist, deen och Intendant vum Museksfestival vu Koblenz ass.

  • Olivier Dartevelle

    De Museker ass net nëmme bekannt als Solo-Klarinettist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, och seng Komponistenaktivitéit ass beandrockend.

  • De Jacques Mercier

    Dem Dirigent, dee sech bei eis virun allem en Numm gemaach huet mat sengem Orchestre National de Lorraine geet an d'Pensioun.

  • De Jean Muller

    De Lëtzebuerger Pianist iwwert seng CD-Aktivitéiten, seng Tâche als Professer am Conservatoire an als kënschtlereschen Direkter vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

  • Den Acelga Quintett

    De Wee vum Studenten-Ensembel an eng Carrière als unerkannte Bléiserquintett 

Programm

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen