Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Gast Waltzing

Gast Waltzing

Spontan bréngt een den Useldenger wuel fir d’éischt emol mat Jazz a Verbindung. Mee séier gëtt engem kloer: dat ass beileiwe net deen eenzege Museksgenre, mat deem hie sech beschäftegt. De Gast Waltzing ass Trompettist, Museksenseignant um Stater Conservatoire, Dirigent, hien huet mat WPR säin eegene Plakkelabel, schreift a komponéiert fir Film an Tëlee, reest mat senger Band Largo uechtert d’Welt. E Liewe vollgepaakt mat Musek. Mee wéi eng bréngt hie mat an d’Emissioun, wou hien Invité vum Fred Medernach ass?

Rezent Emissiounen

  • Marc Meyers

    Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.

  • Erna Hennicot-Schoepges

    Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.

  • Théid Johanns

    De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.

  • Fränk Feitler

    Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.

  • Jo Kox

    Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen