D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.
Blue Note

Den Jazz viru 50 Joer
1966 ass net onbedéngt e Joer gewiescht, dat an d’Jazzgeschicht agoung wéinst aussergewéinleche musikalesche Revolutiounen oder nohalteg remarquabelen Opnamen. Et war awer e Joer, wou stilistesch alles méiglech war: de Freejazz war etabléiert, et gouf awer och nach traditionell gespillt, Hardbop a Funky, an de Fusionjazz huet sech sou lues annoncéiert. E variéierte Réckbléck vum Jitz Jeitz op d’Joer 1966 mat Musek ë.a. vum Don Cherry, Horace Silver, Wayne Shorter, Charles Lloyd an Chick Corea.
Rezent Emissiounen
-
Blues'n Jazz Rallye 2018 / Tia Fuller - "Diamond Cut"
Wat gëtt et dëst Joer am Blues'n Jazz Rallye am Gronn den 21. Juli 2018 ze lauschteren? / Deen neien Album vun der Saxophonistin a Komponistin
-
Dinant Jazz Festival
De Programm vum Dinant Jazz Festival, deen de leschte Weekend am Juli ofgehale gëtt a Musek vum Pianist Hank Jones, deen am Juli 100 Joer al gi wier.
-
Favourites by Dahm + Belardi
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren hir ganz perséinlech Coup de Coeuren aus der Saison 17/18.
-
Pit Huberty / John Wolter: Drums!
Jonk Jazz-Batteuren zu Lëtzebuerg
-
Stéphanie Neigel an den Jazzpote Thionville
D'Stëmm vum Paul Fox Collective stellt hiren Album vir: "In Sachen du" an den Jazzpote Thionville steet um Programm.
-
Summerjazz
E Fokus op de Programm vum gréissten europäeschen Jazzfestival, den Northseajazz zu Rotterdam.
-
Sun Ra
Ee Museker a Komponist dee leider ni immens bekannt gouf an trotzdem am Jazz net ewech ze denken ass.
-
De Batteur Jim Black
-
Reis Demuth Wiltgen: Neien Album
Den 3. Album vum Trio ass elo eraus an heescht: Once in a Blue Moon.
-
Donny McCaslin & Almadav project
De Concert vum amerikanesche Saxophonist Donny Mc Caslin am Cube zu Maarnech an eng nei CD aus der Belsch vum Ensemble Almadav project.
-
Like a Jazz Machine vol. 2
All Joer ass am Mee den Jazz Festival zu Diddeleng opderschmelz. An och dës Kéier erwaart eis erëm vill gutt Musek.
-
Like a Jazz Machine - Special
De Festival zu Diddeleng vum 10.-13. Mee 2018 an de Michel Meis Quartet.
-
Maxime Bender
De Lëtzebuerger Saxophonist a Komponist Maxime Bender.
-
LJO - Thomas Bracht - Mike Bell
Dräi Invitéë verroden dem Manuel Ribeiro hir neiste Projeten.
-
Live Jazz uechter d'Land an d'Sängerin Jazzmeia Horn
Mat Musek vum Richie Beirach, David Linx, Christine an Ingrid Jensen, dem Pianotrio The Bad Plus an der neier CD vun der Sängerin Jazzmeia Horn.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen