Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Renée Wagener

Filmzeenario: d’Geschicht muss stëmmen

Viru kuerzem ass deen neie Lëtzebuerger Film Eng nei Zäit an d’Kinoe komm. Et geet doran ëm d’Nokrichszäit, déi nach staark geprägt ass vum Zweete Weltkrich. Wéi schreift een de Plot vun engem Film, deen an enger vergaangener Epoch spillt? D’Renée Wagener schwätzt mat der Zeenaristin Viviane Thill doriwwer, wéi si den historesche Background vun der Filmgeschicht erfuerscht huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen