Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Glenn Frey (6.11.1948 - 18.1.2016): ee vun de Grënnungsmembere vun den Eagles

Hotel California - The Eagles

De 5. Studioalbum vun den Eagles (1976) verkeeft sech weltwäit eng 32 Millioune Mol a réckelt d'Band méi no bei de mainstream rock. Eleng den Titelsong ass Kult ginn!
Den Doud vum Glenn Frey huet et mat sech bruecht, datt "Hotel California" nees op alle Radioen erop an erof gespillt gëtt. Mee net eleng wéinst dësem traurege Moment an dem populären Iwwersong ass d'Wierk bemierkenswäert. Et gouf Changementer an der Band, d'Eagles setze manner op Country, mam Joe Walsh ass e méi rockorientéierte Gittarist derbäi komm. Mat "The Last Resort" bréngt d'Band onerwaart de Sujet Ökologie an d'Gespréich, den Titelsong vum Album ass Stoff fir allerhand Spekulatiounen iwwert déi méi däischter Säit vum Liewen a mam Drummer Don Henley hunn d'Eagles e Sänger fonnt, deen de Gittaren ... de Bass hellt!

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen