Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Street Fighting Years - Simple Minds

"Mandela Day" a "Belfast Child" si bestëmmt haut nach déi bekannsten Titelen aus dem Album "Street Fighting Years" vu Simple Minds.
Dësen ass den aachte Studioalbum vun der Band mam charismatesche Sänger Jim Kerr, aus dem Joer 1989. En Album, dee sech vun hiren amerikanesche Soul- a Gospel-Influenzen distanzéiert a sech wesentlech méi akustesch wëll, duerch an duerch vu Celtic/Folk Music Elementer geprägt.
Nieft deene genannten Hits, sinn och aner musikalesch Pärelen an immens politesch engagéiert Lidder op deem Album, Lidder wéi "Soul Crying Out", "This is your Land", "Street Fighting Years" an anerer wéi "Biko". Dëse leschte Song kënnt aus der Fieder vum Peter Gabriel, dee vum Steve Biko zielt, e südafrikaneschen Anti-Apartheid Aktivist.
Den Album "Street Fighting Years" vu Simple Minds bleift ee vun de politesch engagéierste Museksprojeten aus deene leschten 30 Joer, woubäi eng ganz Partie prominent Museker als Gäscht derbäi waren: Manu Katché, Stewart Copland, Lou Reed an anerer. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen