Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

De Cover vum Beatles-Album 'Revolver' (1966), gezeechent vum Grafiker a Manfred Mann-Bassist Klaus Voormann

Revolver - The Beatles

Besonnesch déi méi konservativ britesch BBC ass net begeeschtert, d'Kompositioune vu Lennon/Mc Cartney an Harrison ze programméieren. Ze däitlech wieren der Band hir Erfahrungen an Experimenter mat Drogen an de Kompositiounen an Texter erauszehéieren. Och Meditatioun, Indien a Sittarkläng sinn am neie Beatles-Sound vertrueden. Deen huet net méi vill mat deem aus hiren Ufanksjoren ze dinn. "Mir sinn erwuesse Leit ginn", seet de Paul Mc Cartney. Ma och méi Onbeschwéiertes ass op "Revolver" ze fannen - virop dee vum Ringo Starr gesongene Megahit "Yellow Submarine". Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen