Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Foto (v.l.n.r.): Joëlle Giannotte (ADRenalin), Milena Steinmetzer (jonk Lénk), Gina Árvai (jonk gréng), Charles Hurt (CSJ), Jimmy Skenderovic (JSL), Estelle Malané (JDL).

Wat erwaarde vun der Generatioun Y?

D'Zukunft vum europäesche Projet, d'Vir- an Nodeeler vu Parteipolitik an eng Aschätzung vum "Neiufank" no der Juncker-Ära. Doriwwer hunn d’Gina Arvai (jonk gréng,), d'Milena Steinmetzer (jonk Lénk), de Jimmy Skenderovic (Jonk Sozialisten), de Charel Hurt (CSJ), d'Estelle Malané (JDL) an d'Joëlle Giannotte (ADRenalin) diskutéiert.

Flüchtlingskris, Eurokris, héije Jugendchômage: Den europäesche Projet stécht an enger Kris, doranner sinn déi Jonk sech eens. Trotzdem si sech d'Vertrieder vun de Jugendparteie gréisstendeels eens, dass den europäesche Projet nach ze retten ass.

Fir sech an enger Partei duerchzesetzen, wier Asaz gefrot, sou de Konsens. Natierlech kéim et heiansdo zu Frustratiounen, well net alles ëmgesat gëtt, sou de JSL-President Jimmy Skenderovic. Mee wann ee géif kämpfen, hätt dat och een Afloss op d'Decisiounen.

War de politesche Wiessel, deen 2013 mat der blo-rout-grénger Koalitioun koum, aus Perspektiv vun deene Jonke wierklech een Neiufank? Neen, soen d'Oppositiounsvertrieder vun CSJ, ADRenalin a jonk Lénk. Deelweis dach, betounen JDL, JSL an déi jonlk Gréng.

D'Pia Oppel huet d'Emissioun moderéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen