Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Perfect Strangers - Deep Purple

Nodeems d’Hardrock-Band Deep Purple sech Enn de 70er Jore getrennt hat, entscheeden d’Museker sech 1983 ze reforméieren. 1984 kënnt hiren éischten Album no der Trennung op de Marché, de bekannte "Perfect Strangers". Deep Purple an der bekanntester Besetzung Mark II mam: Ritchie Blackmore, Danny Glover, Ian Gillan, Ian Paice an Jon Lord. Den Album ass en Hit weltwäit a gehéiert haut zu deene beléifteste Rock- a Metalalbume vun allen Zäiten. 
Dem Jon Lord seng rau Kläng op enger Hammond Uergel, dem Ian Gillan seng onverkennbar Stëmm, oder dem Ritchie Blackmore säi Gittaresound mat Referenzen un d’Klassik.
"Knocking at your Back Door" a "Perfect Strangers" aus dësem Album sinn haut nach beléifte Live-Klassiker vun Deep Purple. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen