E-Lodie

Yves Stephany Richard Heinemann

Wou Clubmusek an Avant-Garde sech d'Hand ginn. Techno an House hu scho laang hire Wee an de Mainstream fonnt. An d'Danzpisten hu keng Beréierungsängschte mat zäitgenëssescher Kompositioun. An enger Zäit, wou musikalesch alles erlaabt ass, sicht de Richard Heinemann all Woch no pertinenten, neie Verëffentlechungen am Beräich vun der elektronescher Musek.

Sun Glitters live am Studio vum 100,7

Sun Glitters live

En neie Sound, eng nei Approche an en neie Look: Sun Glitters huet live am grousse Studio gespillt. Um neien EP Diving into Reality flirt de Lëtzebuerger Produzent souguer mat Facette vum Hip Hop. No zwee Albumen an enger Hellewull Singelen a Remixen, gouf et Zäit fir eng Verännerung. Entdeckt Sun Glitters nei.

Rezent Emissiounen

  • E-Lodie

    E-Lodie, haut mat Neivirstellunge vum Felicia Atkinson, FIS, Kara-Lis Coverdale a villen aneren. Presentéiert vum Richard Heinemann.

  • Steve Kaspar & Sova Stroj

    Déi zwee Lëtzebuerger Bäiträg fir d'Palma Ars Acustica 2017

  • Palma Ars Acustica 2017

    Wierker vun der spuenescher Komponistin Charo Calvo an dem däitsche Produzent Jan St. Werner

  • Live vum Festival 24 Heures Electroniques

    Mat Concerte vun Aamar, Napoleon Gold & Maxime Bender a Clap! Clap!

  • E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vum Colin Stetson, Sugai Ken, Ellen Arkbro a villen aneren

  • E-Lodie

    E-Lodie, mat Neivirstellunge vun Wolf Müller, Gaussian Curve, Shelter a villen aneren. Presentéiert vum Richard Heinemann.

  • E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vum Mr. Mitch, Dedkind Cut, Arca a villen aneren.

  • E-Lodie

    Neivirstellunge vun Hauschka, Actress, Second Woman a villen aneren

  • E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vu Forest Swords, AYYA, Olivier Alary a villen aneren

  • E-Lodie

    Am Mëttelpunkt d'Thema "E-Lodie, Track Of The Week"

  • E-Lodie

    E-Lodie - haut mat Neivirstellungen vun Jonny Nash, Andrea Daltro, Elko B. a villen aneren. Presentéiert vum Richard Heinemann.

  • E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vun High Plains, Dirty Projectors, Children Of Alice a villen aneren

  • E-Lodie

    Eng speziell Sendung zum Thema Lo-Fi House

  • E-Lodie

    E-Lodie, haut mat Neivirstellunge vun Blanck Mass, Turinn, Jlin a villen aneren. Presentéiert vum Richard Heinemann.

  • E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vum Mori Ra, N1L, Visible Cloaks a villen aneren.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen